De Projet

De Projet „Landwirtschaft erliewen” soll de Schoulkanner de Beruff vum Bauer presentéieren a si fir d’Liewensmëttelproduktioun an d’Haltung vun Notzdéiere sensibiliséieren.

D’Konzept

De Kontakt tëschent der Landwirtschaft an der Bevëlkerung, dee fréier emol selbstverständlech war, verschwënnt ëmmer méi. An domat geet och d’Wësse vun de Verbraucherinnen an de Verbraucher iwwer d’Hierkonft an d’Veraarbechtung vun eise Liewensmëttel verluer.

Am Kader vum Projet „Landwirtschaft erliewen“ kréie Schülerinnen a Schüler d’Méiglechkeet, e Verständnes dofir ze entwéckelen, wou eis Liewensmëttel hierkommen a wéi d’Prozesser a Verbindungen an der Landwirtschaft, der Natur an der Ëmwelt funktionéieren. De Projet encouragéiert Schoulen, Bauerenhäff besichen ze goen an esou landwirtschaftlech Betriber besser kennen ze léieren.

Nei ass, datt de Bauer pro Besuch op sengem Haff eng Subventioun fir seng Aarbecht kritt. All d’Betriber, déi beim Projet matmaachen, hunn un enger Basisformatioun an de Beräicher Bauerenhaffpedagogik a Sécherheet deelgeholl. Ausserdeem gi si opgefuerdert, reegelméisseg u Best-Practice-Workshoppen deelzehuelen.

Wie stécht dohannert?

„Landwirtschaft erliewen” ass e Projet vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a verschiddenen Acteuren aus der lëtzebuergescher Landwirtschaft.

Un der Entwécklung vum Projet matgewierkt hunn:
– d’APFAPL – Association pour la promotion des fermes d’accueil et pédagogiques au Grand-Duché de Luxembourg
– „Fro de Bauer“, eng Initiativ vun der Associatioun Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
– d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
– de Service Jeunesse – Lëtzebuerger Bauerejugend

De Projet gëtt ausserdeem ënnerstëtzt vun der Landwirtschaftskummer Lëtzebuerg.

Landwirtschaftsportal

Fro de Bauer

„Fro de Bauer“ ass eng Initiativ vun der A.s.b.l. Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, déi sech zum Zil gesat huet, d’Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer déi modern Landwirtschaft ze informéieren. D’Membere vum Aarbechtsgrupp sinn engagéiert jonk Baueren, déi benevole schaffen. An hiren Aen ass d’Ëffentlechkeetsaarbecht eng vun deene wichtegsten Aufgaben, déi d’Landwirtschaft an der haiteger Gesellschaft ze erfëllen huet.

E weidert Zil vun dëser Initiativ besteet doranner, d’Jugend iwwer déi aktuell Methode vun der Liewensmëttelproduktioun an der Regioun an iwwer d’Haltung vun Notzdéieren opzeklären.

Fir d’Kanner an de Grondschoulen, besonnesch am Cycle 4, ze sensibiliséieren, goufen e puer Fachleit rekrutéiert, fir de Kanner d’Landwirtschaft méi no ze bréngen. Et gi verschidden Theeme behandelt, dorënner zum Beispill d’Produktioun vun Uebst a Geméis, den Akerbau, d’Mëllechproduktioun an d’Fleeschproduktion. Dobäi gëtt besonnesch vill Wäert drop geluecht, de Kanner ze erklären, wat saisonal a regional Produkter sinn. De Projet leeft iwwer dat ganzt Schouljoer a gesäit fir all Trimester ee Besuch vun engem vun dëse Fachleit an de Schoule vir. Am leschten Trimester kann dann ausserdeem en Ausfluch an e lokale landwirtschaftleche Betrib ënnerholl ginn.

Websäit Fro de Bauer