Firwat säin Haff fir Schoulen opmaachen?
Dir sidd Bauer an Dir wëllt Schoulkanner Äre Beruff an d’Landwirtschaft méi no bréngen? Dat stellt Äre Bauerenhaff als Plaz fir ze léieren zur Verfügung. Et gëtt eng ganz Rei vu gudde Grënn, fir säi Bauerenhaff fir Schoulen opzemaachen.
Eng eenzegaarteg Plaz, fir ze léieren an eppes ze erliewen
Och wann Iech als Bauer vill Saache vläicht alldeeglech erschéngen, fir déi meescht Kanner a Jugendlecher ass e landwirtschaftleche Betrib eng eenzegaarteg Plaz, fir eppes ze léieren an ze erliewen. De Bezuch zur Landwirtschaft geet hautdesdaags ëmmer méi verluer. D’Kanner wëssen dacks net méi, wou eis Liewensmëttel hierkommen, wat op engem Bauerenhaff geschitt oder wéi eng Aufgaben d’Bauerefra oder de Bauer haut bewältege muss.
Dir hutt d’Méiglechkeet, de Kanner dës Erfarungen an Ärem Betrib ze bidden. Anescht wéi bei de Medien, fënnt ee bei Iech e reellt Ëmfeld fir ze léieren an Dir kënnt de Kanner aus éischter Hand vermëttelen, wéi Liewensmëttel hiergestallt ginn, wéi eng Aufgaben a Verantwortlechkeeten Dir hutt a wéi eng wichteg Roll d’Landwirtschaft spillt.
D’Bewosstsi stäerken
Andeem Dir de Schülerinnen a Schüler Abléck an Är Aarbecht gitt, leescht Dir e bedeitende Bäitrag zur Bildungsaarbecht. E Besuch vun de Kanner fërdert hir Wäertschätzung vun der Landwirtschaft. D’Kanner vun haut, d’Konsumente vu muer, gi fir landwirtschaftlech Froen a Problemer sensibiliséiert a kréien e bessert Verständnis fir d’Prozesser vun der regionaler Liewensmëttelproduktioun an d’Bedeitung vum ländleche Raum.