Rechtlech Aspekter

Rechtlech Aspekter

Allgemeng Benotzungsbedéngungen (ABB) fir de Site

Persounen, déi Informatiounen, Dokumenter, Produkter, Software an eenzel Servicer (allgemeng d’„Servicer“) vun dësem Internetsite benotzen, erkennen dës Allgemeng Benotzungsbedéngunge mat all hire Bestëmmungen un a sinn domat averstanen.

Mat „Organ“ gëtt d’ëffentlech Autoritéit, de Ministère, d’Administratioun oder all anert ëffentlecht Organ bezeechent, déi, deen oder dat eleng oder zesumme mat anere fir dëse Site verantwortlech ass.

Dem Benotzer seng Flichten

De Site ass iwwer den Internet zougänglech. De Benotzer erkläert, datt hien déi domat verbonne Risike kennt an akzeptéiert. Hie muss sech viru Cyberkriminalitéit schützen, andeem hien eng gëeegent a sécher Computerkonfiguratioun auswielt.

De Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau kann net verantwortlech gemaach gi fir Schied, déi dem Benotzer direkt oder indirekt am Zesummenhang mat der Navigatioun op dësem Site an dem Benotze vu senge Servicer esouwéi op de Säiten, op déi verwise gëtt, entstinn.

D’Benotze vum Site ass gratis.

Gestioun vun de Cookien

Dëse Site benotzt Cookien, d. h. kleng Textfichieren, fir d’Informatiounen iwwer d’Navigatioun vum Benotzer (wéi dacks a wéi laang en um Site ass, wéi eng Säiten en oprifft asw.) ze analyséieren.

Si gi vum Internetsite an en extrat Verzeechnes um Computer vum Benotzer gesat. Si enthalen den Numm vum Server, dee se generéiert huet, en Identifiant a Form vun enger eendeiteger Nummer an en Oflafdatum. Den eendeitegen Identifiant erlaabt dem Site, de Computer vum Benotzer bei all Besuch erëmzeerkennen. D’Cookië vun enger Sessioun gi vum Benotzer sengem Computer geläscht, wann d’Sessioun eriwwer ass. Dauerhaft Cookië bleiwen awer fir ee Mount nom Enn vun der Sessioun um Computer vum Benotzer.

De Benotzer ka selwer entscheeden, ob en dem Server vun dësem Site d’Erlabnes gëtt, fir Cookien op sengem Computer ze späicheren, oder net. Hie ka jidderzäit entscheeden, d’Browser-Astellungen esou unzepassen, datt Cookien net akzeptéiert oder gespäichert ginn. Ausserdeem kann en zu all Ament iwwer säi Browser Cookië läschen, déi scho gespäichert sinn (cf. Cookie-Politik).

D’Benotze vu bestëmmte Funktioune vum Internetsite kann ageschränkt oder desaktivéiert ginn, wann de Benotzer d’Cookië vum Site net erlaabt. Dem Benotzer gëtt dofir geroden, säi Browser esou anzestellen, datt d’Cookië vum Site akzeptéiert ginn.

Ännerunge vum Internetsite

De Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau behält sech d’Recht vir, de Site ouni Ukënnegung wéinst Maintenancen, Aktualiséierungen oder aus aneren trëftege Grënn weiderzeentwéckelen, ze änneren oder zäitweileg net verfügbar ze maachen.

De Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau ka virun allem besteeënd Informatiounen a Servicer vum Site jidderzäit ganz oder zum Deel ewechhuelen, derbäisetzen, ergänzen oder méi prezis duerstellen. Schied, déi direkt oder indirekt mat dësen Ännerunge verbonne sinn, si kee Grond fir iergendwellech Fuerderunge géintiwwer dem Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau.

Allgemeng Beschränkunge vun der Responsabilitéit

De Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau garantéiert déi gréisstméiglech Verfügbarkeet vun dësem Internetsite. Nawell kann en am Fall, wou de Site zäitweileg oder ganz géif ausfalen, net verantwortlech gemaach ginn.

De Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau suergt fir déi beschtméiglech Sécherheet vum Datesystem. Nawell kann en am Fall, wou de Site zäitweileg oder ganz géif ausfalen, net verantwortlech gemaach ginn.

De Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau garantéiert d’Richtegkeet vun den Informatiounen um Site, déi an de sozialen Netzwierker verëffentlecht ginn, sou gutt wéi méiglech. Nawell kann en am Fall, wou Informatiounen oder Formulairen net aktualiséiert ginn, am Fall vun Uwendungsfeeler vum System oder bei der Verschlësselung, am Fall vun Ongenauegkeeten oder Net-Vollstännegkeet vun de bereetgestallten Informatiounen oder eventuellen Iertemer bzw. Feeler, net verantwortlech gemaach ginn. D’Zil ass et zwar, richteg an aktuell Informatiounen aus verschiddene Quellen ze verbreeden, mee de Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau kann net all Risiko vun engem sachlechen Iertum ausschléissen. Keng vun den Informatiounen, déi op dësem Site verëffentlecht ginn, erhieft Usproch op Vollstännegkeet oder stellt eng rechtlech Verflichtung vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau duer. Déi allgemeng verständlech Duerstellungen an Iwwersetzunge si reng informativ. Verbindlech si just d’Gesetzestexter, déi am Mémorial (Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg) verëffentlecht sinn. D’Informatiounen op dësem Site hunn en allgemenge Charakter. D’Informatioune sinn also net u perséinlech oder spezifesch Ëmstänn ugepasst a kënnen deemno net als perséinlech, berufflech oder juristesch Berodung vum Benotzer ugesi ginn. Wann de Benotzer perséinlech oder spezifesch Berodung brauch, muss en ëmmer déi zoustänneg Servicer bei de jeeweilegen Autoritéite kontaktéieren.

Beschränkung vun der Responsabilitéit vum Internetsite

D’Responsabilitéit vun dësem Internetsite ass ausdrécklech ausgeschloss fir all direkt an indirekt Konsequenze vun:

  • engem Mangel u Kompatibilitéit tëschent dem ugebuedene Service an der Ausrüstung, den Uwendungen, de Prozeduren oder der Infrastruktur vum Benotzer oder vun Drëttpersounen;
  • Sécherheetslacunnen, déi dem Benotzer oder enger Drëttpersoun zouzeschreiwe sinn, a méi allgemeng all Sécherheetslacunnen, déi net direkt dësem Site zougeschriwwe kënne ginn;
  • Feeler an/oder Bedruch vum Benotzer oder enger Drëttpersoun;
  • eventuell Net-Verfügbarkeet oder Feelfunktioun vun den elektronesche Systemer oder de Kommunikatiounsnetzwierker.

Linken op aner Internetsitten

Dësen Internetsite ka Linken op aner Internetsitten enthalen, déi fir deen een oder anere Benotzer nëtzlech oder interessant kënne sinn. De Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau a virun allem d’Organ kontrolléieren den Inhalt vun dëse Sitten net systematesch. Si kënnen deemno net fir Inhalter vun dëse Sitte verantwortlech gemaach ginn, weeder a punkto Rechtméissegkeet nach a punkto Richtegkeet vun den Informatiounen, déi do stinn.

Geeschtegt Eegentum

Den Internetsite, all seng Komponenten (och de Layout) esouwéi d’Informatiounen an d’Servicer sinn duerch d’Gesetzer iwwer d’geeschtegt Eegentum an den Droit d’auteur geschützt.

Wann net anescht uginn, gëtt de Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau keng Lizenz oder Autorisatioun am Zesummenhang mat de Rechter vum geeschtegen Eegentum, déi en un dësem Site, senge Komponenten oder Servicer huet.

Textdokumenter

Wann net anescht uginn, huet de Benotzer d’Recht, all d’Textdokumenter ze consultéieren, erofzelueden oder erauszedrécken, ouni dëst am Viraus unzefroen.

Aner Inhalter

Wann net anescht uginn, ass d’gratis Reproduktioun vun aneren Inhalter (Fotoen, Videoen, Audiodateien, digital Animatiounen, Grafiken asw.) erlaabt, virausgesat, datt d’Quell, d’en Droit d’auteur an den Auteur genannt ginn, dëst direkt beim Inhalt.

Esou Inhalter däerfen net verkaaft, géint Bezuelung verlount oder fir kommerziell oder Reklammszwecker benotzt ginn.

Fir Inhalter ze benotzen, déi net duerch dës rechtlech Aspekter gereegelt sinn, muss am Viraus d’Zoustëmmung vum Service information et presse (SIP) ugefrot ginn.

All komplett oder deelweis Ännerung, Transformatioun oder Upassung vun den uewe genannten Inhalter, ouni virdrun d’Zoustëmmung vum Service information et presse (SIP) kritt ze hunn, ass verbueden. Fir redaktionell Zwecker kënnen d’Fotoen awer geschnidden an/oder ugepasst ginn.

Benotzer, déi d’Inhalter vun dësem Site reproduzéieren, verflichte sech, dat mat Respekt virun der Mënschewürd an der Persoun ze maachen.

Ausser wann et ausdrécklech vum Editeur erlaabt ass, ass déi komplett oder deelweis Integratioun vum Portal landwirtschaft.lu an en anere Portal oder Site verbueden.

Déi Rechter, déi Iech uewen implizitt oder ausdrécklech zougestane goufen, stellen eng Benotzungsgeneemegung duer, awer op kee Fall en Oftriede vu Rechter, Eegentum oder soss eppes am Zesummenhang mat dësem Site.

Ännerung vun den Allgemenge Benotzungsbedéngungen

Dës Allgemeng Benotzungsbedéngunge kënne jidderzäit an ouni Ukënnegung wéinst Ännerungen um Site, vun der Legislatioun oder aus engem aneren trëftege Grond geännert oder ergänzt ginn. Et ass dem Benotzer seng Aufgab, sech iwwer déi Allgemeng Benotzungsbedéngunge fir de Site ze informéieren, an et gëllt ëmmer just déi aktuell Online-Versioun. Et kann duerchaus sinn, datt déi Allgemeng Benotzungsbedéngunge vun enger Visitt um Site zur nächster geännert hunn. Dofir ass et um Benotzer, se virun all nei Visitt genee ze liesen.

Applikabelt Recht an zoustänneg Geriichter

All Rechtssträit am Zesummenhang mat dësem Site ënnerläit dem Lëtzebuerger Recht a fält ënner d’exklusiv Kompetenz vun de lëtzebuergesche Geriichter.

Schutz vun de perséinlechen Donnéeën

Allgemenges

D’perséinlech Donnéeën, déi de Benotzer matdeelt, ginn am Aklang mam Reglement (EU) 2016/679 vum Europäesche Parlament a vum Rot vum 27. Abrëll 2016 iwwer de Schutz vun natierleche Persoune bei der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën an iwwer de fräie Verkéier vun dësen Donnéeë („Dateschutz-Reglement“) veraarbecht.

Well de Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau ausser den IP-Adressen an de Server-Loggen, déi aus Sécherheetsgrënn erstallt ginn, keng perséinlech Donnéeë sammelt, brauch de Benotzer seng Zoustëmmung net ze ginn, éier en op dëse Site geet.

De Verantwortleche fir dës Veraarbechtung ass dat fir dëse Site verantwortlecht Organ.

De Benotzer ka Reklamatiounen am Zesummenhang mam Schutz vu sengen Donnéeën iwwer déi Kommunikatiounskanäl, déi jeeweils zur Verfügung stinn, an un de Verantwortleche schécken, deen an dësem Fall dat fir de Site verantwortlecht Organ ass. De Benotzer kann ausserdeem eng Reklamatioun beim Delegéierte fir den Dateschutz vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau iwwer d’E-Mail-Adress dpo@ma.etat.lu areechen. De Benotzer ka sech doriwwer eraus fir all Zort vu Sträitfall an deem Beräich un d’National Kommissioun fir den Dateschutz wenden (Commission nationale pour la protection des données – CNPD, 15, boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux).

Späicherdauer

D’perséinlech Donnéeë ginn nëmmen esoulaang veraarbecht a gespäichert, wéi et néideg ass, fir den Zweck vun der Veraarbechtung ze erreechen. Wann den Zweck vun der Veraarbechtung ewechfält, ginn d’perséinlech Donnéeën am Aklang mat de gesetzleche Virschrëfte systematesch gespaart oder geläscht.

Der betraffener Persoun hir Rechter

Wa perséinlech Donnéeë vun Iech veraarbecht ginn, sidd Dir eng betraffe Persoun am Sënn vum Dateschutz-Reglement an hutt déi follgend Rechter:

1. Recht op Bestätegung

All betraffe Persoun huet dat vum Europäesche Gesetzgeber zougestanent Recht, vum Verantwortlechen eng Bestätegung ze verlaangen, ob perséinlech Donnéeën, déi si betreffen, veraarbecht ginn oder net. Wann eng betraffe Persoun dëst Recht op Bestätegung ausübe wëll, ka si de Verantwortleche jidderzäit kontaktéieren.

2. Recht op Accès

All betraffe Persoun ka vum Verantwortlechen eng Bestätegung verlaangen, ob perséinlech Donnéeën, déi si betreffen, veraarbecht ginn oder net. Ass dat de Fall, kënnt Dir vum Verantwortlechen Accès zu de follgenden Informatioune verlaangen:

  • Zwecker, fir déi d’perséinlech Donnéeë veraarbecht ginn;
  • Kategorië vu perséinlechen Donnéeë, déi veraarbecht ginn;
  • d’Empfänger oder d’Kategorie vun Empfänger, deenen d’perséinlech Donnéeën, déi Iech betreffen, präisgi ginn oder wäerte ginn;
  • d’Dauer, fir déi d’perséinlech Donnéeën, déi Iech betreffen, gespäichert solle ginn, oder, wa konkreet Informatiounen dozou nach net méiglech sinn, d’Krittären, fir dës Dauer festzeleeën;
  • ob et e Recht gëtt, fir d’perséinlech Donnéeën, déi Iech betreffen, richtegzestellen oder ze läschen, e Recht, fir d’Veraarbechtung duerch de Verantwortlechen anzeschränken, oder e Recht, fir dëser Veraarbechtung ze widderspriechen;
  • ob et Recht gëtt, fir sech bei enger Autorité de surveillance ze beschwéieren;
  • all Informatiounen, déi et zur Hierkonft vun den Donnéeë ginn, wann d’perséinlech Donnéeën net bei der betraffener Persoun selwer erhuewe ginn.

3. Recht op Richtegstellung

Dir hutt géintiwwer dem Verantwortlechen d’Recht, fir Är Donnéeë richtegzestellen an/oder ze vervollstännegen, wenn déi veraarbecht Donnéeën, déi Iech betreffen, falsch oder net vollstänneg sinn. De Verantwortleche muss d’Donnéeën direkt richtegstellen.

4. Recht, datt Är Donnéeë geläscht ginn

All Persoun, déi vun der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeë betraff ass, huet dat vum Europäesche Gesetzgeber zougestanent Recht, vum Verantwortlechen ze verlaangen, datt d’perséinlech Donnéeën, déi si betreffen, direkt geläscht ginn, wann ee vun de follgende Grënn zoutrëfft a souwäit d’Veraarbechtung net néideg ass:

  • D’perséinlech Donnéeë goufe fir Zwecker erhuewen oder anerwäerts veraarbecht, fir déi se net méi néideg sinn.
  • Déi betraffe Persoun widderrifft hir Zoustëmmung, op där d’Veraarbechtung am Sënn vum Art. 6 Abs. 1 Buschtaf a) vum Dateschutz-Reglement oder Art. 9 Abs. 2 Buschtaf a) vum Dateschutz-Reglement baséiert, an et gëtt keng aner rechtlech Grondlag fir d’Veraarbechtung.
  • Déi betraffe Persoun widdersprécht der Veraarbechtung am Sënn vum Art. 21. Abs. 1 vum Dateschutz-Reglement an et leie keng prioritär berechtegt Grënn fir d’Veraarbechtung vir oder déi betraffe Persoun widdersprécht der Veraarbechtung am Sënn vum Art. 21. Abs. 2 vum Dateschutz-Reglement.
  • D’perséinlech Donnéeë ginn illegal veraarbecht.
  • D’perséinlech Donnéeë gi geläscht, fir eng gesetzlech Verflichtung nom Uniounsrecht oder nom Recht vun de Memberstaaten, där de Verantwortlechen ënnerläit, ze erfëllen.
  • D’perséinlech Donnéeë ginn am Zesummenhang mat den offréierte Servicer vun der Informatiounsgesellschaft am Sënn vum Art. 8 Abs. 1 vum Dateschutz-Reglement erhuewen. Wann ee vun den uewe genannte Grënn zoutrëfft an eng betraffe Persoun wëll ufroen, datt perséinlech Donnéeë geläscht ginn, ka si jidderzäit déi zoustänneg Instanz kontaktéieren. Dës wäert dofir suergen, datt hirem Begier, d’Donnéeën ze läschen, direkt nokomm gëtt.

5. Recht op Aschränkung vun der Veraarbechtung

All Persoun, déi vun der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeë betraff ass, huet dat vum Europäesche Gesetzgeber zougestanent Recht, vum Verantwortlechen ze verlaangen, d’Veraarbechtung anzeschränken, wann eng vun de follgende Viraussetzungen erfëllt ass:

  • D’Richtegkeet vun de perséinlechen Donnéeë gëtt vun der betraffener Persoun contestéiert; an deem Fall gëllt d’Aschränkung fir eng Dauer, déi et dem Verantwortlechen erlaabt, d’Richtegkeet vun de perséinlechen Donnéeën ze iwwerpréiwen.
  • D’Veraarbechtung ass illegal, déi betraffe Persoun ass dogéint, datt d’perséinlech Donnéeë geläscht ginn, a verlaangt amplaz d’Aschränkung vun der Benotzung vun de perséinlechen Donnéeën.
  • De Verantwortleche brauch d’perséinlech Donnéeën net méi fir d’Zwecker vun der Veraarbechtung, déi betraffe Persoun brauch se awer, fir rechtlech Uspréch virzebréngen, auszeüben oder ze verteidegen.
  • Déi betraffe Persoun huet der Veraarbechtung am Sënn vum Art. 21 Abs. 1 vum Dateschutz-Reglement widdersprach an et steet nach net fest, ob déi legitim Grënn vum Verantwortleche géintiwwer deene vun der betraffener Persoun iwwerweien.

6. Recht, datt d’Donnéeën iwwerdroe kënne ginn

All Persoun, déi vun der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeë betraff ass, huet dat vum Europäesche Gesetzgeber zougestanent Recht, déi perséinlech Donnéeën, déi si betreffen an engem Verantwortleche vun der betraffener Persoun zur Verfügung gestallt goufen, an engem strukturéierten, gängegen a maschinell liesbare Format ze kréien. Si huet och d’Recht, dës Donnéeën engem anere Verantwortlechen ze iwwermëttelen, ouni datt dëst vum Verantwortlechen, deem d’perséinlech Donnéeën zur Verfügung gestallt goufen, behënnert gëtt, wann d’Veraarbechtung op der Zoustëmmung am Sënn vum Art. 6 Abs. 1 Buschtaf a) vum Dateschutz-Reglement oder Art. 9 Abs. 2 Buschtaf a) vum Dateschutz-Reglement oder op engem Kontrakt am Sënn vum Art. 6 Abs. 1 Buschtaf b) vum Dateschutz-Reglement berout an d’Veraarbechtung mat automatiséierte Mëttelen duerchgefouert gëtt, ausser d’Veraarbechtung ass néideg, fir eng Aufgab auszeféieren, déi am ëffentlechen Interessi läit oder an Ausübung vun der ëffentlecher Gewalt, déi dem Verantwortlechen iwwerdroe gouf, ausgefouert gëtt.

Ausserdeem huet déi betraffe Persoun bei der Ausübung vun hirem Recht, datt hir Donnéeën iwwerdroe ginn, am Sënn vum Art. 20 Abs. 1 vum Dateschutz-Reglement, d’Recht, dofir ze suergen, datt d’perséinlech Donnéeën direkt vun engem Verantwortlechen un een aneren iwwermëttelt ginn, wann dëst technesch machbar ass a wann dat keng negativ Auswierkungen op d’Rechter an d’Fräiheete vun anere Persounen huet.

7. Recht, der Veraarbechtung ze widderspriechen

All Persoun, déi vun der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeë betraff ass, huet dat vum Europäesche Gesetzgeber zougestanent Recht, aus Grënn, déi sech aus hirer spezieller Situatioun erginn, der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën, déi si betreffen, déi opgrond vun Artikel 6 Abs. 1 Buschtaf e) oder f) vum Dateschutz-Reglement duerchgefouert gëtt, jidderzäit ze widderspriechen. Dëst gëllt och fir e Profiling op Basis vun dëse Bestëmmungen.

8. Automatiséiert Entscheedungen am Eenzelfall mat Profiling

All Persoun, déi vun der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeë betraff ass, huet dat vum Europäesche Gesetzgeber zougestanent Recht, kenger Entscheedung ënnerworf ze ginn, déi ausschliisslech op enger automatiséierter Veraarbechtung – mat Profiling – berout an hir géintiwwer eng rechtlech Wierkung huet oder si op änlech Manéier beanträchtegt, wann déi Entscheedung: (1) net fir den Ofschloss oder d’Erfëllung vun engem Kontrakt tëschent der betraffener Persoun an dem Verantwortlechen néideg ass oder (2) opgrond vu Rechtsvirschrëfte vun der Unioun oder de Memberstaaten, deenen de Verantwortlechen ënnerworf ass, zoulässeg ass an dës Rechtsvirschrëfte gëeegent Moossname beinhalten, fir d’Rechter an d’Fräiheeten esouwéi d’legitim Interesse vun der betraffener Persoun ze schützen, oder (3) mat der ausdrécklecher Zoustëmmung vun der betraffener Persoun getraff gëtt.

Ass déi Entscheedung (1) fir den Ofschloss oder d’Erfëllung vun engem Kontrakt tëschent der betraffener Persoun an dem Verantwortlechen néideg oder (2) gëtt se mat der ausdrécklecher Zoustëmmung vun der betraffener Persoun getraff, ergräift de Verantwortleche gëeegent Moossnamen, fir d’Rechter an d’Fräiheeten esouwéi d’legitim Interesse vun der betraffener Persoun ze schützen, zu deenen op d’mannst d’Recht gehéiert, d’Agräife vun enger Persoun vu Säite vum Verantwortlechen ze erwierken, den eegene Standpunkt duerzeleeën an d’Entscheedung unzefechten.

9. Recht, eng dateschutzrechtlech Zoustëmmung ze widderruffen

All Persoun, déi vun der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeë betraff ass, huet dat vum Europäesche Gesetzgeber zougestanent Recht, eng Zoustëmmung zur Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeë jidderzäit ze widderruffen. Wann eng betraffe Persoun hiert Recht, eng Zoustëmmung ze widderruffen, ausübe wëll, ka si jidderzäit e Mataarbechter vum Verantwortleche kontaktéieren.

Dateschutzbestëmmungen a punkto Asaz a Benotzung vu Facebook

Op dësem Site si Komponente vun der Entreprise Facebook integréiert. Facebook ass e soziaalt Netzwierk. E soziaalt Netzwierk ass e sozialen Treffpunkt, deen um Internet bedriwwe gëtt, eng Online-Gemeinschaft, déi et de Benotzer normalerweis erlaabt, mateneen ze kommunizéieren an am virtuelle Raum ze interagéieren. E soziaalt Netzwierk kann als Plattform déngen, fir Meenungen an Erfarungen auszetauschen, oder erméiglecht der Internetgemeinschaft, perséinlech oder geschäftlech Informatiounen zur Verfügung ze stellen. Facebook erlaabt de Benotzer vum sozialen Netzwierk ënner anerem, privat Profiller ze kreéieren, Fotoen eropzelueden a sech iwwer Frëndschaftsufroen ze vernetzen. D’Bedreiwergesellschaft vu Facebook ass Facebook Inc., 1 Hacker Way, Menlo Park, CA 94025, USA. De Verantwortleche fir d’Veraarbechtung, wann eng betraffe Persoun ausserhalb vun den USA oder Kanada lieft, ass Facebook Ireland Ltd., 4 Grand Canal Square, Grand Canal Harbour, Dublin 2, Irland.

All Kéier, wann eng vun den eenzele Säite vun dësem Site, dee vum Verantwortleche bedriwwe gëtt an op deem eng Facebook-Komponent (Facebook-Plug-in) integréiert ass, opgeruff gëtt, gëtt den Internetbrowser am Informatiounstechnologiesystem vun der betraffener Persoun automatesch vun der jeeweileger Facebook-Komponent opgefuerdert, eng Duerstellung vun der entspriechender Facebook-Komponent vu Facebook erofzelueden. Am Kader vun dëser technescher Prozedur kritt Facebook Informatiounen doriwwer, wéi eng spezifesch Ënnersäit vun eisem Site déi betraffe Persoun besicht.

Wann déi betraffe Persoun gläichzäiteg op Facebook ageloggt ass, erkennt Facebook bei all Besuch op eisem Site vun de betraffener Persoun, a wärend der ganzer Dauer vun hirem Besuch op eisem Site, wéi eng spezifesch Ënnersäit vun eisem Site déi betraffe Persoun besicht. Dës Informatioune gi vun der Facebook-Komponent gesammelt a vu Facebook dem jeeweilege Facebook-Kont vun der betraffener Persoun zougewisen. Wann déi betraffe Persoun op ee vun de Facebook-Knäppercher klickt, déi op eisem Site integréiert sinn, z. B. de „Like“-Knäppchen, oder wann déi betraffe Persoun e Kommentar mécht, gëtt dës Informatioun vu Facebook dem perséinleche Facebook-Benotzerkont vun der betraffener Persoun zougewisen, an dës perséinlech Donnéeë gi gespäichert.

Facebook kritt iwwer d’Facebook-Komponent ëmmer dann eng Informatioun, datt déi betraffe Persoun eise Site besicht huet, wann déi betraffe Persoun dann, wa se eise Site oprifft, gläichzäiteg op Facebook ageloggt ass; dëst geschitt onofhängeg dovun, ob déi betraffe Persoun d’Facebook-Komponent uklickt oder net. Wann déi betraffe Persoun net wëll, datt dës Informatiounen u Facebook iwwermëttelt ginn, ka si dat verhënneren, andeem si sech aus hirem Facebook-Kont ausloggt, ier se eise Site oprifft.

An der Dateschutzpolitik, déi vu Facebook verëffentlecht gouf, fënnt een Informatiounen iwwer d’Erhiewen, d’Veraarbechten an d’Benotze vu perséinlechen Donnéeën duerch Facebook. Do gëtt och erkläert, wéi eng Astellungsméiglechkeete Facebook bitt, fir d’Privatsphär vun der betraffener Persoun ze schützen. Ausserdeem ginn et verschidden Applikatiounen, déi et erlaben, ze verhënneren, datt Donnéeën u Facebook iwwerdroe ginn. Esou Applikatioune kënne vun der betraffener benotzt ginn, fir ze verhënneren, datt Donnéeën u Facebook iwwerdroe ginn.

Dateschutzbestëmmungen a punkto Asaz a Benotzung vun Instagram

Op dësem Site si Komponente vun Instagram integréiert. Instagram ass e Service, deen een als audiovisuell Plattform qualifizéiere kann an de Benotzer erlaabt, Fotoen a Videoen ze deelen an och esou Donnéeën op anere sozialen Netzwierker ze verbreeden. D’Bedreiwergesellschaft vun Instagram ass Instagram LLC, 1 Hacker Way, Building 14 First Floor, Menlo Park, CA 94025, USA.

All Kéier, wann eng vun den eenzele Säite vun dësem Site, op deem eng Instagram-Komponent (Insta-Button) integréiert ass, opgeruff gëtt, gëtt den Internetbrowser am Informatiounstechnologiesystem vun der betraffener Persoun automatesch vun der jeeweileger Instagram-Komponent opgefuerdert, eng Duerstellung vun der entspriechender Komponent vun Instagram erofzelueden. Am Kader vun dëser technescher Prozedur kritt Instagram Informatiounen doriwwer, wéi eng spezifesch Ënnersäit vun eisem Site déi betraffe Persoun besicht.

Wann déi betraffe Persoun gläichzäiteg op Instagram ageloggt ass, erkennt Instagram bei all Besuch op eisem Site vun de betraffener Persoun, a wärend der ganzer Dauer vun hirem Besuch op eisem Site, wéi eng spezifesch Ënnersäit déi betraffe Persoun besicht. Dës Informatioune gi vun der Instagram-Komponent gesammelt a vun Instagram dem jeeweilegen Instagram-Kont vun der betraffener Persoun zougewisen. Wann déi betraffe Persoun op ee vun den Instagram-Knäppercher klickt, déi op eisem Site integréiert sinn, ginn d’Donnéeën an d’Informatiounen, déi doduerch iwwerdroe ginn, dem perséinlechen Instagram-Benotzerkont vun der betraffener Persoun zougewisen a vun Instagram gespäichert a veraarbecht.

Instagram kritt iwwer d’Instagram-Komponent ëmmer dann eng Informatioun, datt déi betraffe Persoun eise Site besicht huet, wann déi betraffe Persoun dann, wa se eise Site oprifft, gläichzäiteg op Instagram ageloggt ass; dëst geschitt onofhängeg dovun, ob déi betraffe Persoun d’Instagram-Komponent uklickt oder net. Wann déi betraffe Persoun net wëll, datt dës Informatiounen un Instagram iwwermëttelt ginn, ka si dat verhënneren, andeem si sech aus hirem Instagram-Kont ausloggt, ier se eise Site oprifft.

Weider Informatiounen an d’Dateschutzpolitik vun Instagram an hirer jeeweils gülteger Fassung fannt Dir hei.

Dateschutzbestëmmungen a punkto Asaz a Benotzung vu Matomo

De Verantwortlechen huet d’Matomo-Komponent op dësem Site integréiert. Matomo ass en Open-Source-Softwaretool fir Web-Analys. Web-Analys ass d’Erhiewen, d’Sammelen an d’Auswäerte vun Donnéeën iwwer d’Verhale vun de Visiteure vun Internetsitten. E Web-Analys-Tool erhieft ënner anerem Donnéeën iwwer dee Site, vun deem eng betraffe Persoun op e Site komm ass (sougenannte Referrer), op wéi eng Ënnersäite vum Site zougegraff gouf oder wéi dacks a wéi laang eng Ënnersäit gekuckt gouf. Web-Analys gëtt haaptsächlech benotzt, fir e Site ze optimiséieren an eng Käschten-Notzen-Analys vun Internetreklammen ze maachen.

Den Zweck vun der Matomo-Komponent ass et, de Besucherfloss op engem Site ze analyséieren. De Verantwortleche benotzt d’Donnéeën an d’Informatiounen, déi e kritt, ënner anerem, fir auszewäerten, wéi dëse Site benotzt gëtt, a fir Online-Rapporten zesummenzestellen, déi d’Aktivitéiten op de Sitte weisen. Wa sech net géint den Asaz vu Cookien ausgeschwat gëtt, setzt Matomo e Cookie an den Informatiounstechnologiesystem vun der betraffener Persoun. Doduerch, datt de Cookie gesat gëtt, kann analyséiert ginn, wéi de Site benotzt gëtt. All Kéier, wann eng vun den eenzele Säite vun dësem Site opgeruff gëtt, gëtt den Internetbrowser am Informatiounstechnologiesystem vun der betraffener Persoun automatesch vun der Matomo-Komponent opgefuerdert, Donnéeë fir d’Online-Analys ze iwwermëttelen.

Am Kader vun dëser technescher Prozedur gi perséinlechen Donnéeën iwwermëttelt, wéi zum Beispill d’IP-Adress vun der betraffener Persoun, déi ënner anerem dobäi hëlleft, ze verfollegen, vu wou ongeféier d’Visiteuren an d’Klicke kommen. Mat Hëllef vum Cookie gi perséinlech Informatioune wéi d’Zäit vum Zougrëff, d’Plaz, vun där aus zougegraff gouf, an d’Heefegkeet vun de Visitten um Site gespäichert. Bei all Besuch um Site ginn dës perséinlech Donnéeën, inklusiv d’anonymiséiert IP-Adress vum Internetuschloss, deen déi betraffe Persoun benotzt, gespäichert. D’IP-Adress gëtt virum Späicheren anonymiséiert an d’Informatiounen, déi duerch de Cookie generéiert ginn, ginn net weiderginn. Déi betraffe Persoun ka jidderzäit mat enger entspriechender Astellung vum Internetbrowser, dee si benotzt, verhënneren, datt Cookien iwwer de Site gesat ginn, a sech domat permanent dogéint ausschwätzen, datt Cookië gesat ginn.

Dëst gëllt och, wann de Benotzer sech bei der éischte Kéier, wou en dëse Site oprifft, géint d’Benotzung vu Cookien ausschwätzt, andeem hien op den entspriechende Knäppchen um Cookie-Hiweis-Banner klickt (sou gëtt e sougenannten Opt-Out-Cookie gesat). Esou eng Astellung vum benotzten Internetbrowser géif och verhënneren, datt Matomo e Cookie an den Informatiounstechnologiesystem vun der betraffener Persoun setzt. Ausserdeem kann e Cookie, dee scho vu Matomo gesat gouf, jidderzäit iwwer en Internetbrowser oder aner Softwareprogrammer geläscht ginn. Doniewent huet déi betraffe Persoun d’Méiglechkeet, sech géint d’Erfaasse vun den Donnéeën, déi vu Matomo generéiert ginn a sech op d’Benotze vun dësem Site bezéien, auszeschwätzen an dës ze verhënneren.

Weider Informatiounen an d’Dateschutzpolitik vu Matomo an hirer jeeweils gülteger Fassung fannt Dir hei.

Dateschutzbestëmmungen a punkto Asaz a Benotzung vu YouTube

Op dësem Site si Komponente vu YouTube integréiert. YouTube ass en Internet-Videoportal, op deem Video-Publisher hir Videoclippe gratis eroplueden an aner Benotzer se gratis kucken, bewäerten a kommentéiere kënnen. Op YouTube kënnen all Zorte vu Videoe verëffentlecht ginn, soudatt souwuel komplett Filmer a Fernseesendunge mee och Museksvideoen, Traileren a Videoen, déi d’Benotzer selwer erstallt hunn, kënnen iwwer den Internetportal opgeruff ginn. D’Bedreiwergesellschaft vu YouTube ass YouTube LLC, 901 Cherry Ave., San Bruno, CA 94066, USA. YouTube LLC ass eng Duechtergesellschaft vu Google Inc., 1600 Amphitheatre Pkwy, Mountain View, CA 94043-1351, USA.

All Kéier, wann eng vun den eenzele Säite vun dësem Site, op deem eng YouTube-Komponent (YouTube-Video) integréiert ass, opgeruff gëtt, gëtt den Internetbrowser am Informatiounstechnologiesystem vun der betraffener Persoun automatesch vun der jeeweileger YouTube-Komponent opgefuerdert, eng Duerstellung vun der entspriechender Komponent vu YouTube erofzelueden. Am Kader vun dëser technescher Prozedur kréie YouTube a Google Informatiounen doriwwer, wéi eng spezifesch Ënnersäit vun eisem Site déi betraffe Persoun besicht.

Wann déi betraffe Persoun gläichzäiteg op YouTube ageloggt ass, erkennt YouTube duerch d’Opruffe vun enger Ënnersäit, déi e YouTube-Video enthält, wéi eng spezifesch Ënnersäit vun eisem Site déi betraffe Persoun besicht. Dës Informatioune gi vu YouTube a Google gesammelt an dem jeeweilege YouTube-Kont vun der betraffener Persoun zougewisen.

YouTube a Google kréien iwwer d’YouTube-Komponent ëmmer dann eng Informatioun, datt déi betraffe Persoun eise Site besicht huet, wann déi betraffe Persoun dann, wa se eise Site oprifft, gläichzäiteg op YouTube ageloggt ass; dëst geschitt onofhängeg dovun, ob déi betraffe Persoun e YouTube-Video uklickt oder net. Wann déi betraffe Persoun net wëll, datt dës Informatiounen u YouTube a Google iwwermëttelt ginn, ka si dat verhënneren, andeem si sech aus hirem YouTube-Kont ausloggt, ier se eise Site oprifft.

An der Dateschutzpolitik, déi vu YouTube verëffentlecht gouf, fënnt een Informatiounen iwwer d’Erhiewen, d’Veraarbechten an d’Benotze vu perséinlechen Donnéeën duerch YouTube a Google.

Kontaktformulaire an aner Formulairen

D’Informatiounen, déi Dir am Kontaktformulaire oder an anere Formulairen ugitt, gi vum betreffenden Organ veraarbecht, fir Är Demande kënnen ofzewéckelen.

Andeem Dir de Virgang weiderféiert, akzeptéiert Dir, datt Är perséinlech Donnéeën am Kader vun Ärer Demande veraarbecht ginn. Dës Informatioune gi vum Organ esoulaang gespäichert, wéi et brauch, fir se ze veraarbechten.

Den Zäitraum, wärend deem d’Donnéeë gespäichert ginn, hänkt vun der jeeweileger Demande of. D’Organ liwwert op Ufro Informatiounen iwwer de jeeweilegen Zäitraum oder d’Krittären, déi ugewant ginn, fir dësen Zäitraum ze bestëmmen.

Den Empfänger vun Ären Donnéeën ass d’Organ, dat fir Är Demande zoustänneg ass. Fir erauszefannen, wien déi an dësem Formulaire gesammelt Donnéeë kritt, kontaktéiert wgl. den Delegéierte fir den Dateschutz vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, 1, rue de la Congrégation, L-1352 Lëtzebuerg, E-Mail: dpo@ma.etat.lu.

Esou wéi et am Reglement (EU) 2016/679 iwwer de Schutz vun natierleche Persoune bei der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën an iwwer de fräie Verkéier vun dësen Donnéeë steet, hutt Dir d’Recht, Är gespäichert Donnéeë kucken ze goen, se ze verbesseren oder eventuell och läschen ze loossen. Ausserdeem hutt Dir d’Recht, Är Awëllegung zu all Moment ze widderruffen.

Wann Dir e valabele Grond hutt, kënnt Dir donieft och Widdersproch géint d’Veraarbechtung aleeën, et sief dann, d’Veraarbechtung vun Ären Donnéeën ass obligatoresch.

Wann Dir dës Rechter ausüben an/oder Zougang zu Ären Informatioune wëllt, kënnt Dir den Delegéierte fir den Dateschutz vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau per E-Mail (dpo@ma.etat.lu) kontaktéieren Doriwwer eraus kënnt Dir och eng Reklamatioun bei der Nationaler Kommissioun fir den Dateschutz areechen (Commission nationale pour la protection des données, 15, boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux).

Veraarbechtungen, fir d’Visiteurszuelen ze moossen

Gewëssen Donnéeën iwwer d’Material an d’Software vum Benotzer, mat deenen een hien net identifizéiert kritt, gi wärend senger Visitt um ëffentlechen Internetsite erhuewen. Dës Erhiewung huet als eenzegen Zweck, fir Statistike vun de Visiteurszuele kënnen opzestellen (Browser-Typ, Opléisung, ongeféier Lokalisatioun asw.), fir de Benotzer nach e bessere Service kënnen unzebidden.

Déi komplett IP-Adress vum Benotzer gëtt op kee Fall gehal. Well nëmmen en Deel vun der IP-Adress fir allgemeng Statistike gehal gëtt, ass et a kengem Fall méiglech, de Benotzer ze identifizéieren.

Dës Donnéeë ginn an Europa an enger Léisung gespäichert, déi vun engem Zouliwwerer zur Verfügung gestallt gëtt, nämlech Google Ireland Limited, deen als Zouliwwerer deene selwechte gesetzleche Bestëmmungen iwwer de Schutz vu perséinlechen Donnéeën ënnerläit. Dat gëllt och fir Donnéeën, déi an Zukunft erhuewe ginn.

D’Donnéeë ginn net méi laang versuergt, wéi et Zäit brauch, fir d’Entwécklung vun de Visiteurszuelen op Basis vun de benotzte Browseren, der Opléisung oder anere verfügbare statisteschen Donnéeën ze beobachten.

De Verantwortleche fir dës Veraarbechtung ass dat fir dëse Site verantwortlecht Organ.

Sécherheet a Vertraulechkeet

Eise Site benotzt den Transport Layer Security-Protokoll (TLS), och bekannt als HTTPS oder „SSL-Certificat“, fir d’Kommunikatioun tëschent Ärem Browser an eise Serveren ze verschlësselen. Donnéeën (wéi z. B. Ufroen oder Informatiounen, déi iwwer Formulairë geschéckt ginn) ginn ni am Kloertext mat eise Serveren ausgetosch.

Fir Iech den héchsten Niveau u Sécherheet a Vertraulechkeet ze garantéieren, hëlt de Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau och intern organisatoresch an technesch Moossnamen, fir ze verhënneren, datt Är perséinlech Donnéeë beschiedegt, verännert, zerstéiert, verluer, mëssbraucht oder un onberechtegt Drëttpersoune weidergi ginn.

Presenz an de soziale Medien

Moderatiounspolitik

All Benotzer, deen der Community landwirtschaft.lu an de soziale Medie bäitrëtt, verflicht sech, fir all Form vun Diskriminatioun ze ënnerloossen, sief et opgrond vun der Rass, der Hautfaarf, der Relioun, dem Geschlecht, der sexueller Orientéierung, dem Alter, der Ofstamung, der Behënnerung, dem Familljestand oder dem beruffleche Status.

Beleidegend, rassistesch, sexistesch oder verletzend Äusserungen hu keng Plaz an de soziale Medien. Se gi geläscht a gemellt. Kommerziell Inhalter ginn och geläscht.

Kommentaren an de soziale Medie gi vu méindes bis freides wärend de Bürosstonne beäntwert. Ausserhalb vun dësen Auerzäiten, weekends an d’Feierdeeg ginn d’Säiten net permanent verwalt.

Sproochen

An de soziale Medie kommunizéiert de Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau haaptsächlech op Lëtzebuergesch. Jee no Situatioun an Zilgrupp kënnen och Informatiounen op Franséisch, Däitsch oder Englesch verbreet ginn. Informatiounen, déi an de soziale Medie vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau verëffentlecht ginn, kënnen eventuell op net méisproocheg Sitte verweisen. Wann et méiglech ass, ginn all Froen/Kommentaren an där Sprooch, an där de jeeweilege Benotzer se verfaasst huet, beäntwert.