Organisatioun vun engem Hafbesuch

Et ass ganz einfach, e Besuch um Bauerenhaff ze organiséieren. Gitt Är Krittäre bei der Sich nom Bauerenhaff an, sicht Iech e passende Bauerenhaff eraus a maacht en Dag fir Äre Besuch aus.

D’Virbereedung zielt

De Projet riicht sech u Schoulklassen aus de Cyclen 3 a 4 vun der Grondschoul. Eng Erweiderung op aner Cyclen ass mëttelfristeg geplangt.

Fir en nohaltegt Léiererliefnes ass et gutt, de Besuch op engem Bauerenhaff an den Unterrecht anzebannen. An eiser Rubrik „Léiermaterial” fannt Dir Unterrechtsmaterial a Form vun Aarbechtsblieder, Posteren, Aktivitéiten a Spiller.

D’Schülerinnen a Schüler sollen an der Klass eng Aféierung zum jeeweilege Bauerenhaff kréien: Op wat ass de Betrib spezialiséiert (Mëllech, Fleesch, Geméis, Eeër) a wéi eng Produktioune kann een do gesinn? Eng geziilt Virbereedung kann dozou bäidroen, d’Theema vum Besuch um Bauerenhaff an e Kontext ze setzen. D’Kanner kënne bei der Virbereedung scho Froe sammelen, déi se dem Bauer stelle wëllen.

Zum Lernmaterial

De passenden Haff fannen

D’Sich nom passende Bauerenhaff fänkt an der Rubrik „D’Bauerenhäff” un. Mat Filtere kann een d’Sich unhand vu verschiddene Krittäre wéi Distanz, Zäitraum an Zort vu Betrib verfeineren. Wann eng passend Offer fonnt gouf, kann ee mat engem Klick eng Demande un den Haff schécken.

De Bauer kritt da per E-Mail d’Demande fir e Besuch um Bauerenhaff geschéckt an hëlt iwwer E-Mail oder Telefon Kontakt mat Iech op. Esou kann en Datum an den Oflaf vum Besuch ofgemaach ginn, fir datt béid Säite sech entspriechend virbereede kënnen. Wann Dir bannent den éischte puer Deeg keng Äntwert kritt, kënnt Dir natierlech och selwer Kontakt ophuelen. Wichteg ass nëmmen, datt d’Organisatioun vum Besuch iwwer d’Plattform letzfarm ofgewéckelt gëtt, fir eng effektiv Prise en charge vun de Käschten duerch de Ministère sécherzestellen.

Zu den Bauernhöfen

De Besuch plangen

Schwätzt de Besuch um Bauerenhaff virdru mam Bauer of a plangt den Oflaf zesummen. Wann et méiglech ass, da fënnt dat Virgespréich direkt um Bauerenhaff statt, fir datt Dir Iech scho mat der Plaz a mam Wee dohin an zeréck vertraut maache kënnt.

D’Eltere mussen no eventuellen Allergië vun hire Kanner op Déieren (Hënn, Kazen, Kéi, Päerd), Hee a Stëbs gefrot ginn. Och aner Allergien an Intoleranzen (Laktos, Gluten, Nëss …) vun de Schülerinnen a Schüler musse mat den Elteren ofgekläert ginn, well heiansdo Degustatiounen ugebuede ginn. Ënner Ëmstänn mussen entspriechend Moossname getraff ginn.

Den Enseignant oder d’Enseignante muss den Trajet op de Bauerenhaff selwer organiséieren. Mir recommandéieren eng Urees mam ëffentlechen Transport. Wann d’Notzung vum ëffentlechen Transport net méiglech sollt sinn, kann den Trajet mat engem Bus organiséiert ginn.

Zum Leitfaden

De Suivi: de Schlëssel fir erfollegräicht Léieren

Beim Besuch um Bauerenhaff hutt Dir mat Ärer Klass vill nei Informatiounen, Erkenntnisser an Erfarunge gesammelt. Fir dëse Besuch zu engem nohaltegen Erliefnes ze maachen, ass et wichteg, dat alles am Unterrecht opzeschaffen.

Schwätzt an der Klass iwwer d’Erliefnesser an d’Erfarungen, an notzt de Besuch, fir d’Theema weider ze verdéiwen. Schreift Froen, déi nach opbleiwen, op an adresséiert Iech eventuell nach eng Kéier un d’Bauerefra oder de Bauer, fir och nom Besuch nach Äntwerten ze kréien.

Et gi vill Méiglechkeeten, fir un de Besuch um Bauerenhaff unzeknëppen: Plakater erstellen, e Bäitrag fir d’Schülerzeitung schreiwen, zesummen an der Schoulkiche kachen oder de Projet mat engem weidere Besuch um Haff méi spéit am Joer fortsetzen.

Zum Lernmateria

FAQ fir d’Enseignanten

De Projet riicht sech u Schoulklassen aus de Cyclen 3 a 4 vun der Grondschoul. Eng Erweiderung op aner Cyclen ass mëttelfristeg geplangt.

Gitt Är Krittäre bei der Sich nom Bauerenhaff an a sicht Iech e passende Bauerenhaff an der Géigend vun Ärer Schoul eraus. Iwwer de Formulaire kënnt Dir dann direkt e Besuch ufroen.

D’Léiererliefnes hänkt vu verschiddene Facteuren of, zum Beispill dem Alter vun de Schülerinnen a Schüler, der Gréisst vun der Klass, den Aktivitéite vum Bauerenhaff oder der Joreszäit. Et geet awer ëmmer drëm, Wëssen an Zesummenhäng um Bauerenhaff mat alle Sënner ze erliewen.

Den Enseignant oder d’Enseignante muss den Trajet op de Bauerenhaff selwer organiséieren. Mir recommandéieren eng Urees mam ëffentlechen Transport. Wann d’Notzung vum ëffentlechen Transport net méiglech sollt sinn, kann den Trajet mat engem Bus organiséiert ginn.

Well d’Bauere vill Zäit an Äre Besuch investéieren an iwwerdeems d’Aarbecht um Haff leie bleift, kréie si pro Besuch eng Indemnitéit accordéiert. Dës Indemnitéit am Kader vum Projet „Landwirtschaft erliewen” gëtt vum Landwirtschaftsministère iwwerholl. Fir d’Schoulklass ass de Besuch deemno gratis.

Gitt drop uecht, datt d’Rolle vum Léierpersonal a vum Bauer kloer definéiert sinn an net verwiesselt ginn. Den Enseignant oder d’Enseignante behält och um Haff d’Opsiichtsflicht iwwer seng bzw. hir Klass, de Bauer ass de Fachmann bzw. d’Fachfra an Expert vun der Plaz.

E Besuch um Bauerenhaff soll op d’mannst 2,5 Stonnen daueren a ka moies oder mëttes stattfannen.

E Besuch um Bauerenhaff fënnt normalerweis op d’mannst deelweis dobaussen a bei all Wieder statt. D’Schoulkanner musse gutt Schong an dem Wieder ugepasste Kleeder unhunn.

Dir sicht e pedagogescht Erliefnes fir Är Schoulklass?

Wielt wgl. déi entspriechend Krittären aus

No Regioun
Carte du Luxembourg Wielt w.e.g. eng Regioun op der Kaart vu Lëtzebuerg aus Clerf Wiltz Diekirch Redingen Mersch Luxemburg Capellen Esch-sur-alzette Remich Grevenmacher Echternach
No Regioun
No Kategorie
No Joreszäit