Beim Projet matmaachen

Dir kënnt Iech virstellen, Ären Haff fir Schoulen opzemaachen, wësst awer net, ob dësen Engagement bei Iech passt? Hei fannt Dir d’Basisinformatiounen an eng Checklëscht.

Landwirtschaft hautno erliewen

D’Zil vu „Landwirtschaft erliewen“ ass et, déi richteg Landwirtschaft a Liewensmëttelproduktioun fir Kanner a Jugendlecher hautno erlief- a gräifbar ze maachen. All landwirtschaftleche Betrib zu Lëtzebuerg ka beim Projet matmaachen.

D’perséinlech Motivatioun spillt dobäi eng entscheedend Roll. Wann Dir Freed drun hutt, Ablécker an Äre Beruff ze ginn a Kanner ze erklären, wou eis Liewensmëttel hierkommen a wéi se produzéiert ginn, dann ass déi wichtegst Viraussetzung erfëllt. Vun Iech gëtt net erwaart, datt Dir d’Roll vum Enseignant iwwerhuelt. Et geet villméi dorëm, de Kanner eng Aféierung an Är Aktivitéit ze ginn, Erliefnesser ze erméiglechen a Froen ze beäntweren.

Betriblech Viraussetzungen

Wann Dir Äre Betrib fir Visiteuren opmaacht, ass et wichteg, datt den Haff propper an opgeraumt ass an datt geféierlech Plazen ofgeséchert sinn. Méi doriwwer fannt Dir an der Rubrik „Sécherheetsmoossnamen a Reegelen um Haff“.

D’Kanner mussen Zougang zu enger Toilette hunn. Am Fall vu schlechtem Wieder kann et hëllefräich sinn, eng Scheier als Ënnerdaach fir d’Visiteuren zur Verfügung ze stellen. Weider Raimlechkeete ginn um Haff net gebraucht. D’Feld, de Stall oder d’Scheier ersetzen dat traditionellt Klassenzëmmer als Plaz fir ze léieren.

Aféierung an d’Grondlagen

Fir Baueren, déi matmaachen, ass eng Basisformatioun vun engem hallwen Dag obligatoresch. Dës Formatioun, déi virun allem aus enger Aféierung an der Vermëttlung vu „Best Practices“ besteet, gëtt all Joer a verschiddene Regiounen ugebueden a fënnt op engem Bauerenhaff statt. Doriwwer eraus gëtt och nach e fräiwëllege prakteschen Deel vun och 4 Stonnen ugebueden. Qualifizéiert Bauerenhaffpedagoge kënne vun dëser Basisformatioun fräigestallt ginn.

Bei de Leitfaden

Ass dat eppes fir mech?

Fir um Projet „Landwirtschaft erliewen“ deelhuelen ze kënnen, muss et sech beim landwirtschaftleche Betrib ëm e Betrib handelen, dee wirtschaftlech aktiv ass, als Haapt- oder Niewenaktivitéit bedriwwe gëtt an iwwer eng Betribsnummer (SER) verfüügt.

Éier Dir Schoulklassen op Ären Haff aluet, sollt Dir e puer grondleeënd Froe klären. Déi wichtegst Punkten hu mir an enger Checklëscht fir Iech zesummegestallt. Dir fannt d’Checklëscht op Säit 5 vum Guide.

Bei de Leitfaden

Ufro fir beim Projet matzemaachen

Wann Dir Iech decidéiert hutt, fir beim Projet matzemaachen, kënnt Dir Iech hei aschreiwen. Domat gëtt e Profil vum Haff erstallt, deen dann no enger Iwwerpréiwung um Internetsite an der Rubrik „D’Bauerenhäff” verëffentlecht gëtt.

loading

Ee Kont uleeën

Données de la ferme

Bio Haff*
Pädagogesche Bauerenhaff*
Landwirtschaftlech Aktivitéit *
Joreszäit* ⓘ
Sproochen* ⓘ

*Obligatoresch Felder