Cookie Politik

Mir erklären Iech hei ganz transparent, wéi a firwat mir Cookien op dësem Internetsite benotzen.

Dëse Site benotzt Cookien, d. h. kleng Textfichieren, fir d’Informatiounen iwwer d’Navigatioun vum Benotzer (wéi dacks a wéi laang en um Site ass, wéi eng Säiten en oprifft, Sproochastellungen asw.) ze analyséieren. Si gi vum Internetsite an en extrat Verzeechnes um Computer vum Benotzer gesat. Si enthalen den Numm vum Server, en Identifiant a Form vun enger eendeiteger Nummer an en Oflafdatum. Den eendeitegen Identifiant erlaabt dem Site, de Computer vum Benotzer bei all Besuch erëmzeerkennen.

De Benotzer ka selwer entscheeden, ob en dem Server vun dësem Site d’Erlabnes gëtt, fir Cookien op sengem Computer ze späicheren, oder net. Hie ka jidderzäit entscheeden, d’Browser-Astellungen esou unzepassen, datt Cookien net akzeptéiert oder gespäichert ginn. Ausserdeem kann en zu all Ament iwwer säi Browser Cookië läschen, déi scho gespäichert sinn.

D’Benotze vu bestëmmte Funktioune vun dësem Internetsite kann ageschränkt oder desaktivéiert ginn, wann de Benotzer d’Cookië vum Site net erlaabt. Dem Benotzer gëtt dofir geroden, säi Browser esou anzestellen, datt d’Cookië vum Site akzeptéiert ginn.

1. Wat ass e Cookie a woufir ass en do?

E Cookie ass e klengen Textfichier, dee vun deem Internetsite, deen dir oprufft, op der Festplack vun Ärem Endgerät (z. B. PC, Laptop oder Smartphone) gespäichert an/oder vun Ärem Webbrowser gelies gëtt. Bal all d’Internetsitte benotze Cookien, fir ze garantéieren, datt se richteg funktionéieren, a fir hir Ergonomie a Funktiounen ze optimiséieren.

2. Eis Cookien

Mir benotze Cookien, fir d’Zuel vun de Visiteuren op eisem Site statistesch ze analyséieren. De Cookie gëtt vu Google Ireland Limited gesat. Google Ireland Limited ass eng drëtt Partei, déi an Europa niddergelooss ass an der europäescher Dateschutzgesetzgebung ënnerläit.

Mam Cookie kënne mir d’Visiteuren zielen an Informatiounen doriwwer sammelen, wéi eise Site benotzt gëtt (z. B. déi meescht besichte Säiten, wéi laang een um Site ass asw.).

Sou kënne mir eise Site verbesseren, fir Iech e besseren Zougang zu sengen Informatiounen ze ginn.

Et gëtt drop higewisen, datt mir keng Reklamme-Cookies benotzen.

3. Wéi kann een d’Cookien desaktivéieren?

Dir kënnt d’Cookië jidderzäit desaktivéieren.

Wann Dir d’Cookien, déi op Ärem Endgerät gespäichert sinn, läschen an Äre Webbrowser sou astelle wëllt, datt e Cookië refuséiert, kënnt Dir dat an den Astellunge vun Ärem Internetbrowser maachen.

Dës Cookie-Astellunge sinn normalerweis am Menü „Options“, „Tools“ oder „Preferences“ vum Webbrowser ze fannen, deen Dir benotzt, fir dësen Internetsite opzeruffen.

Jee nodeem, wéi e Webbrowser Dir benotzt, kënnen d’Methoden, fir d’Cookien ze desaktivéieren, variéieren.

Méi doriwwer gewuer gitt Dir iwwer follgend Linken:

Mir weisen Iech drop hin, datt Dir nach ëmmer op dësem Site navigéiere kënnt, och wann Dir net erlaabt, datt Cookien op Ärem Endgerät gespäichert ginn.

Bei Froen iwwer d’Cookie-Politik kënnt Dir eis jidderzäit per E-Mail un communication@ma.etat.lu kontaktéieren.