Fir
Bauerenhäff
Landwirtschaft hautno erliefbar maachen, dat ass d’Zil vun dësem Projet. Hei gitt Dir méi iwwer d’Bedéngunge fir matzemaache gewuer a kritt Tipps, wéi Dir de Besuch vun enger Schoulklass am beschte virbereede kënnt.
Firwat säin Haff fir Schoulen opmaachen?
Dir sidd eng Bauerefra oder e Bauer an Dir wëllt Schoulkanner Äre Beruff an d’Landwirtschaft méi no bréngen? Da stellt Äre Bauerenhaff als Plaz fir ze léieren zur Verfügung. Et gëtt eng ganz Rei vu gudde Grënn, fir säi Bauerenhaff fir Schoulen opzemaachen.
Méi gewuer ginn
Beim Projet matmaachen
Dir kënnt Iech virstellen, Äre Bauerenhaff fir Schoulen opzemaachen, wësst awer net, ob Äre Betrib déi néideg Viraussetzungen erfëllt? Hei fannt Dir d’Grondlage fir e séchere Besuch um Haff an eng Checklëscht, mat där Dir iwwerpréiwe kënnt, ob dësen Engagement bei Iech passt.
Méi gewuer ginn
Froe ronderëm de Besuch um Bauerenhaff
Wéi leeft e Besuch op mengem Haff of a wéi soll ech mech drop virbereeden? Hei sinn e puer Punkten, déi Dir beuechte sollt, éier Dir Schoulkanner empfänkt.
Méi gewuer ginnBeräich fir Baueren
Wann Dir schonn e perséinleche Beräich op letzfarm.lu ageriicht hutt, kënnt Dir Iech hei aloggen, fir Äre Profil an d’Säit vun Ärem Haff ze geréieren. Wann Dir en neie Benotzer sidd, musst Dir Iech fir d’éischt umellen, éier Dir Ären eegene Beräich ariichte kënnt. Weider Informatioune fannt Dir hei.
Login