Fir Schoulen
Gitt gewuer, firwat e Bauerenhaff sech wonnerbar als Plaz fir ze léieren eegent a fannt Tipps fir eng optimal Virbereedung an de Suivi vum Besuch mat Ärer Klass.
Firwat e Besuch op engem Bauerenhaff?
De Bauerenhaff bitt nohaltegt Léieren an Erliewe mat alle Sënner. Erméiglecht Äre Schülerinnen a Schüler den direkte Kontakt mat der Welt vun der Landwirtschaft a weist hinnen, wou eis Liewensmëttel hierkommen. Et gëtt eng ganz Rei vu gudde Grënn, fir e landwirtschaftleche Betrib besichen ze goen.
Méi gewuer ginn
Organisatioun vun engem Hafbesuch
Et ass ganz einfach, e Besuch um Bauerenhaff ze organiséieren. Gitt Är Krittäre bei der Sich nom Bauerenhaff an, sicht Iech e passende Bauerenhaff eraus a maacht en Dag fir Äre Besuch aus.
Méi gewuer ginn
Fro de Bauer
Dir wëllt d’Erfarung „Landwirtschaft erliewen“ verdéiwen? Dann ass „Fro de Bauer” vläicht genee dat Richtegt fir Iech!
Méi gewuer ginn
Léiermaterial
Hei fannt Dir Unterrechts- an Aarbechtsmaterial fir d’Virbereedung an de Suivi vun engem Besuch um Bauerenhaff, ugepasst un déi verschidde Cyclë vun der Grondschoul.
Méi gewuer ginn