Eis Landwirtschaft

Ronn d’Hallschent vun der Fläch vu Lëtzebuerg gëtt landwirtschaftlech genotzt. Den Akerbau spillt deemno an eisem Land eng grouss Roll. Hei fannt Dir interessant Ablécker an déi verschidden Aspekter vum Agrarwiesen.

Vum Feld op den Teller

Wann en an de Frigo oder an d’Spënnche kuckt, freet ee sech meeschtens net, wéi d’Liewensmëttel, déi een Dag fir Dag konsuméiert, hiergestallt ginn. Dobäi ass dës Fro no der Aart a Weis, wéi Produkter aus der Landwirtschaft zu Narungsmëttel verschafft ginn, net nëmme spannend mee och wichteg.

Méi gewuer ginn

Déieren a Planzen

An der Landwirtschaft ginn Agrar- an Déiereprodukter hiergestallt, déi dann zu Liewensmëttel fir Mënsch an Déier weiderverschafft ginn. Jee no Saison ginn dofir am Planzebau (Aker-, Gaarden- a Wäibau) an an der Notzdéierhaltung ënnerschiddlech Aarbechtsofleef agesat.

Méi gewuer ginn

Ernärung an Nohaltegkeet

D’Landwirtschaft ass e Schaffen an a mat der Natur. Baueren, déi nohalteg wirtschaften, a Konsumenten, déi Wäert op eng nohalteg Ernärung leeën, suergen dofir, datt och déi kommend Generatiounen d’Ressourcë vun der Äerd notzen a sech ernäre kënnen.

Méi gewuer ginn

De Bauerenhaff

E landwirtschaftleche Betrib ass eng Aarbechtsplaz mat ville verschiddene Facetten: Hei ginn Déiere versuergt, Fudder- a Liewensmëttel hiergestallt a verkaf, Maschinnen ënnerhalen an administrativ Aufgaben erleedegt.

Méi gewuer ginn