Alles ronderëm d’Ee

En Hong leet am Duerchschnëtt ronn 300 Eeër d’Joer. Fir Eeër vu gudder Qualitéit ze produzéieren, brauch et héichwäertegt Fudder a genuch Luucht.

Zu Lëtzebuerg liewen d’Hénger a Buedemhaltung (am Stall, ouni Auslaf), Fräilandhaltung (mat Auslaf) an a Bio-Haltung (mat Auslaf a méi Plaz pro Déier). An der Fräilandhaltung an an der Biolandwirtschaft kënnen och mobil Ställ agesat ginn, déi op enger Weed ëmmer nees op eng aner Plaz gestallt ginn. Fir d’Unzuel vun Hénger, déi an engem Betrib gehalen dierfe ginn, gëtt et keng iewescht Grenz.

En Hong leet ongeféier 300 Eeër d’Joer. Dofir brauch et gutt Fudder a genuch Luucht. D’Luucht huet en direkten Afloss op den Hormonsystem vum Hong: wéineg Luucht bedeit manner Eeër. An der Natur géif en Hong am Hierscht an am Wanter keng Eeër leeën. An engem Legebetrib gëtt den Hénger an där Zäit einfach méi Dagesluucht virgetäuscht, andeem d’Luucht am Stall méi laang (14 bis 16 Stonnen) ugelooss gëtt.

Am Eeërstack vum Hong räift all Dag eng Eezell, déi sech bannent enger Woch zum Eegiel entwéckelt. Um Wee duerch den Eileiter gëtt d’Duederkugel mat Eewäiss ëmwéckelt. Eréischt ganz zum Schluss produzéiert d’Hong d’Schuel ronderëm d’Ee. Wéi haart dës Schuel gëtt, hänkt dovun of, ob genuch Kallek am Fudder vum Hong ass. Wéi eng Faarf d’Eeërschuel wäert hunn, kann een un den Ouerescheiwen oder Ouerläppercher erkennen; dat si kleng Punkten ënnert dem Ouer, direkt hannert den Aen. Hénger mat wäissen Ouerescheiwe leeë wäiss Eeër, Hénger mat rouden Ouerescheiwe leeë bronger.

Jee no Form vun Haltung a Stall rullen d’Eeër, déi d’Hénger leeën, direkt aus den Näschter op e Fërderband oder mussen op der Hand vum Bauer agesammelt ginn. Da gi se an enger Eeërzortéiermaschinn duerchliicht. Hei gi Rëss, Aschlëss oder Oflagerungen am Ee erkannt, an dës Eeër – Eeër vun der Klass B – ginn dann auszortéiert. D’Maschinn weit d’Eeër vun der Klass A an zortéiert se dem Gewiicht no: vun deene gréissten, XL, iwwer L an M bis zu deene klengsten, S.

Zum Schluss gëtt op all Ee e Produzentecode gedréckt, z. B. 1-LU-123.

Déi éischt Ziffer steet fir d’Haltungsform
0 = Bio-Haltung
1 = Fräilandhaltung
2 = Buedemhaltung
3 = Käfeghaltung (dës Haltungsform ass zu Lëtzebuerg verbueden).

Déi zwee Buschtawe sti fir den EU-Memberstaat, an deem d’Ee produzéiert gouf. Den 3-stellegen Zuelecode ass d’Identifikatiounsnummer vum Betrib.