D’ Biolandwirtschaft

D’ekologesch Landwirtschaft zeechent sech duerch e Betribszyklus aus, deen esou ronn an esou zou wéi méiglech soll sinn: De Bauer passt d’Notzung vum Buedem an d’Véihaltung un de Standuert vun sengem Betrib un a verbënnt béides mateneen.

An der Biolandwirtschaft, och ekologesche Landbau genannt, sinn den Akerbau an d’Déierenhaltung enk matenee verbonnen. D’Zil ass eng zoue Kreeslafwirtschaft. Dat heescht, datt Rostoffer (wéi z. B. Kären an Uelegplanzen) esou effikass ewéi méiglech genotzt an Offäll verwäert ginn. Well d’Offäll vun engem Liewewiese kënnen eng Ressource fir aner Liewewiesen oder Planze sinn. Sou zum Beispill bauen d’Baueren op engem Deel vun hire Felder Fudderplanze fir d’Déieren un. D’Mëscht, déi d’Déiere produzéieren, verdeele si als organeschen Dünger op hire Felder. An der Biolandwirtschaft hällt de Bauer nëmmen esou vill Véi, wéi hie mam Ertrag vun senge Felder ernäre kënnen. Et ginn esou mann ewéi méiglech Fudder-, Dünge- a Planzeschutzmëttel (sou genannt Betribsmëttel) derbäikaf.

Am ekologesche Landbau gëtt e Betrib als Organismus ugesinn, an deem d’Bestanddeeler Mënsch, Déier, Planz a Buedem matenee vernetzt sinn. Eng aartgerecht Haltung a Fidderung vun den Notzdéieren ass en zentraalt Uleies vum Biolandbau, dozou gehéieren ë. a. genuch Auslaf, Kontakt zu Aartgenossen, Beschäftegungs-, Réckzuchs- a Friessméiglechkeeten.

De Grondgedanke vun der Biolandwirtschaft ass d’Wirtschaften am Aklang mat der Natur. Dofir gëtt op cheemesch-syntheetesch Planzeschutzmëttel a Konschtdünger verzicht. De Bauer düngt seng Felder amplaz mat den Ausscheedunge vun hiren Déieren a mat Kompost. Ausserdeem erhéije si d’Fruchtbarkeet vum Buedem, andeem si eng Rotatioun beim Ubau anhalen an Tëschesot uplanzen. Gentechnesch verännert Planzen däerfe si keng ubauen.

D’Rotatioun dréit och dozou bäi, d’Planze virun Onkraut, Krankheeten a Schädlingen ze schützen.

Des Weideren notzt de Bio-Bauer déi natierlech Mechanismen, mat deene Planze sech selwer schützen. Si bilden z. B. gëfteg Substanze géint Schädlingen oder gi Botenstoffer of, fir Nützlingen unzelackelen, déi hirersäits Schädlinge bekämpfen. Sou gëtt z. B. am Geméisbau en Extrakt vun der Fruucht vum Nim-Bam als natierlecht Planzegëft géint Kartoffelkäfer an aner Insekten agesat. E Beispill fir en natierleche Géigespiller vu Schädlingen ass d’Florfliege (Chrysope), där hir Larve Blatlais an aner Insekte friessen.

Am ekologesche Landbau kommen och Planzeschutzmëttel zum Asaz, déi aus Déieren, Mikroben oder Mineralie gewonne ginn, dozou zielen z. B. Beiewuess, Spore vun natierleche Buedempilzen, Koffer a Schwiewel. Onkraut kann och mechanesch (mathëllef vu Maschinnen, déi d’Onkraut erausrappen) oder thermesch (duerch d’Awierkung vun Hëtzt) eliminéiert ginn.

D’Zil vun der biologescher Landwirtschaft ass et, Liewensmëttel ze produzéieren an dobäi Ekosystemer an d’Aartevillfalt ze erhalen. Déi natierlech Ressourcë gi genotzt a gläichzäiteg geschützt a gefleegt.