Grasland Lëtzebuerg

D’Gréngland mécht zu Lëtzebuerg méi ewéi d’Hallschent vun de landwirtschaftlech genotzte Flächen aus. Et ass eng wichteg Fudderquell fir Notzdéieren an ekologesch wäertvoll.

Gréngland – Wisen a Weeden – präägt niewent dem Akerland an dem Bësch d’Kulturlandschaft vu Lëtzebuerg. Ënner Kulturlandschaft versteet een d’Landschaft, déi vum Mënsch gestalt gouf. Wéinst der geografescher Lag vum Land (Mëttelgebirge, vill Reen, Buedem, dee schwéier ze beaarbechten ass) ass et zu Lëtzebuerg schwiereg, mam Akerbau a virun allem mam Ubau vu Geméis Erträg ze hunn, déi sech fir e Betrib rentéieren. Aus deem Grond mécht d’Dauergréngland iwwer d’Hallschent vun der landwirtschaftlecher Notzfläch vun eisem Land aus.

Dauergréngland ass eng Fläch, op där op d’mannst fënnef Joer laang Grieser, Kraider ewéi Dausendblietchen a Pissblummen, oder aner Gréngfudderplanzen ewéi wäisse Kléi a roude Kléi ugebaut ginn. D’Gréngland déngt als Fudder fir Ranner, Mëllechkéi, Mammekéi a Fleeschkéi a gëtt entweeder beweet oder geméint. Nom Méine gëtt d’Gras entweeder als Grassilo (loftdicht a Plastikfolie agewéckelt) oder ganz gedréchent a Form vun Hee stockéiert an als Fudderreserv fir de Wanter benotzt

Duerch d’Haltung vun Notzdéieren, besonnesch vun deenen, déi idderzen, wéi Ranner oder Schof, ka Gréngland wirtschaftlech genotzt ginn. Fir de Mënsch huet Gras keen direkten Notzen als Liewensmëttel. Mee déi genannten Déiere sinn opgrond vun hirer spezieller Verdauung an der Lag, dat energieräicht Gras ze verwäerten. An esou ka Gréngland fir d’Produktioun vu Mëllech a Fleesch genotzt ginn. Ausserdeem géif d’Gréngland mat der Zäit mat Gestrëpp zouwuessen a verluer goen, wann et net vun Notzdéieren a vun de Baueren „gefleegt“ géif ginn.

Bei enger intensiver Bewirtschaftung vum Grasland gëtt d’Gras bis zu 5 Mol am Joer vum Bauer geméint an erageholl. Dofir muss hien d’Gréngland entspriechend düngen, fir de Verloscht vun Närstoffer am Buedem auszegläichen. Op dës Manéier kréie si grouss Quantitéiten u Fudder, an d’Gras huet en héijen Energiegehalt. Wann d’Grasland extensiv bewirtschaft gëtt, gëtt esou mann ewéi méiglech Dünger a Planzeschutzmëttel agesat. D’Gras gëtt nëmmen 1-3 Mol am Joer geschnidden, d’Recolte ass deemno méi kleng, mee besonnesch dës extensiv Grénglandfläche schafen e Liewensraum fir vill Déieren- a Planzenaarten. Esou droe Gréngfläche weesentlech dozou bäi, d’Biodiversitéit ze erhalen an ze vergréisseren. Ausserdeem späichere si grouss Quantitéiten u Kuelestoff a sinn domat wichteg fir de Klimaschutz.