Eng Superknoll – d’Gromper
D’Gromper ass niewent dem Räis, dem Weess an dem Mais weltwäit eent vun de wichtegste Grondnarungsmëttel. D’Knollen enthale vill Stäerkt a kënnen an der Kichen op vill verschidde Manéiere benotzt ginn.
D’Gromper staamt ursprénglech aus Südamerika, wou d’Virfare vun den Inkae virun iwwer 7.000 Joer déi éischt Knollen an den Anden entdeckt hunn. Déi spuenesch Eroberer hu se dunn am 16. Joerhonnert an Europa bruecht. Haut ginn et weltwäit iwwer 5.000 verschidden Zorten, vun deenen awer nëmmen e klengen Deel zu Lëtzebuerg eng Roll spillt.
Wéinst hirer spezieller Form gouf d’Gromper fréier och „Äerdapel“ (pomme de terre) oder „Grondbier“ genannt; aus der leschter Bezeechnung leet sech de lëtzebuergeschen Numm „Gromper“ of.
Fir Gromperen ze setzen, soll d’Buedemtemperatur iwwer 8 Grad Celsius leien, da keime se am beschten. Grompereplanze brauche Wäermt, fir ze wuessen, Frascht verdroe se guer net. Dofir ginn d’Setzgrompere vun Abrëll oder Ufank Mee u mat enger Setzmaschinn an de Buedem gesat.
D’Maschinn kippt duerno räichlech Buedem iwwer d’Knollen a formt esou kleng Hiwwelen an enger Rei, déi sou genannten Dämm. Et kéint ee Gromperen och a flaach Beeter planzen, d’Dammkultur bitt allerdéngs eng Rei vu Virdeeler, well d’Gromper huet et gär waarm, net ze dréchen oder ze naass a ganz däischter. De labbere Buedem vun den Dämm gëtt séier waarm, dréchent méi séier a Staunätzt gëtt verhënnert. Ausserdeem si Gromperen, déi an Dämm ugebaut ginn, méi einfach mat Maschinnen erauszehuelen.
An den nächste Woche bilt d’Setzgromper ënnert dem Buedem Wuerzelen a Säiteschëss. Un den Enn vun dëse Schëss bilde sech Verdéckungen, déi no an no zu Gromperen eruwuessen. Iwwer dem Buedem wiisst eng krautänlech Planz mat wäissen oder mofe Bléien, déi bis zu engem Meter grouss gi kann. Wann den iwwerierdeschen Deel vun der Planz Enn August, Ufank September verwielegt oder ewechgeholl gëtt, halen d’Knollen op ze wuessen a bilden eng fest Schuel. Dräi Wochen duerno kënne si mat der Maschinn erausgeholl ginn. Dës Maschinn hëlt de ganzen Damm mam Buedem, de Knollen an dem Kraut op; Steng oder faul, gréng oder beschiedegt Knolle gi meeschtens op der Hand vu Saisonsaarbechter oder Saisonsaarbechterinnen auszortéiert. D’Grompere ginn dann an d’Lager transportéiert.
Fir déi verschidde Gromperenzorten ze ënnerscheeden, ass d’Zäit, wéini se zeideg ginn, e wichtege Facteur:
- Ganz fréi bis fréi Zorte brauchen 90-120 Deeg, bis se zeideg sinn (Vegetatiounszäit). Si gi vum August un erageholl. Zu dëser Zort gehéieren z. B. Annabelle, Ukama, Belana, Glorietta, Goldmarie a Linda.
- Mëttelfréi bis mëttelspéit Zorte kënnen 120-140 Deeg, nodeem se geplanzt goufen, erageholl ginn, ab Enn August deemno. Beispiller fir dës Zort si Victoria, Nicola, Laura, Désirée, Annalena an Emanuelle.
Ausserdeem ginn d’Gromperen a „festkochend”, „vorwiegend festkochend” an a „mehligkochend” Zorten agedeelt. Mehligkochend Gromperen hu méi en héije Gehalt u Stäerkt (ongeféier 18 %), festkochend Gromperen enthale ronn 12 %. D’Stäerkt ass den Närstoffspäicher vun der Planz.
- „Mehligkochend“ Zorte sinn ideal fir verschafft ze ginn, z. B. zu Püree, Gratin, Gnocchi, Krocketten, Kniddelen, Fritten a Chips. Zu dësen Zorte gehéiere Victoria, Jelly, Ukama an Désirée.
- „Vorwiegend festkochend“ Zorte si gutt fir gekachte Gromperen, gebrode Gromperen a Gromperekichelcher. Heizou ziele Belana, Nicola an Anuschka.
- „Festkochend“ Zorten eegne sech gutt fir Gromperenzalot a Gromperen an der Schuel. Zu dësen Zorte gehéieren Annabelle, Glorietta a Linda.
Zu Lëtzebuerg ginn niewent den Iessgromperen och Setzgromperen, op Däitsch „Pflanzkartoffeln”, produzéiert. Am Contraire zu den Iessgromperen, bei deene mëttelgrouss bis grouss Knolle gefrot sinn, geet et hei drëm, méiglechst vill a méi kleng Knollen ze kréien. Déi loosse sech besser transportéieren a maschinell planzen. Dofir gi bei de Setzgromperen d’Mammeknolle méi no beienee gesat. Beim Ubau gëtt vill Wäert op d’Gesondheet vun de Planze geluecht, de Bauer muss d’Planzen esou gutt ewéi méiglech viru Krankheeten a Schädlinge schützen a krank Planzen aus dem Bestand eraushuelen. Staatlech Inspektere féiere Kontrollen duerch an huele Prouwen, déi am Labo ënnersicht ginn. Aus de Setzgrompere solle spéider schliisslech gesond a kräfteg Planze fir den Ubau vun Iessgromperen eruwuessen. Lëtzebuerger Setzgrompere ginn a vill Länner, besonnesch a Südeuropa an an de Mëttelmierraum, verkaf.