Mir sinn ee moderne Mëllechvéibetrib mat +/-70 Kéi, plus Opzuucht. Säit 2019, empfänke mir reegelméisseg Gruppen op eisem pädagogesche Bauerenhaff. Mir bidde verschidde saisonal Aktivitéiten un an och de Wee vun der Mëllech. Hei léieren d’Kanner interaktiv an altersgerecht alles iwwert d’Kou an iwwert d’Mëllechproduktioun.
Nieft de Kéi, hu mir och nach aner Déieren, wou et vill ze erliewe gëtt: zwee Hënn, zwee Päerd, Geessen, Schwäin a verschidde Klengdéieren, wéi Kanéngercher, Mierschwéngercher an Hinger.
Eis ass et wichteg de Kanner d’Landwirtschaft altersgerecht ze erklären a si selwer dës aktiv mat alle Sënner erliewe loossen.
– Kucken, Richen, Fillen, Héieren, Schmaachen –
Ufro fir een Haffbesuch
Är Ufro fir een Haffbesuch gouf erfollegräich geschéckt. Dir sollt geschwënn eng E-Mail kréien.
Pädagogesche Bauerenhaff