Wëllkomm am Heckewee,
Mer sinn ee Mellëchvéi-Betrib op deem eis Mëllechkéi 2 mol des Daags an engem moderne Melkstand gestrach ginn.
Säit Oktober si mir en zertifizéiert pädagogeschen Haff an huele gäre Jonk an Al mat duerch den Alldag op eisem Famillen-Betrib. Mer wëllen authentesch Erliefnisser schafen an eis Gäscht mat positiven Erënnerungen heem goe loossen. Ausser de Kéi, wunne bei eis um Haff och nach Hinger, Kanéngercher, Katzen an 2 Hënn.
Dat léiert Dir bei eis kennen:
- de Wee vum Källefche bei d´Mëllechkou
- wat frësst eng Kou a wéi gëtt d´Fudder produzéiert?
- wéi kënnt d´Mëllech bis an de Buttik a wat kënne mer alles draus maachen?
- Botter / Frëschkéis selwer hierstellen
Mellt Iech gäre wann dir weider Froen hutt. Merci a bis villäicht geschwënn.
Ufro fir een Haffbesuch
Är Ufro fir een Haffbesuch gouf erfollegräich geschéckt. Dir sollt geschwënn eng E-Mail kréien.
Pädagogesche Bauerenhaff