Betrib Ferring
- Akerbau
- Kären
- Mëllichkéi
max. 15–20 Persounen
Betrib Ferring
- Akerbau
- Kären
- Mëllichkéi
Op Google Maps kucken
max. 15 Persounen
Eise Familljebetrib – Landwirtschaft aus der éischter Hand erliewen
Eise Familljebetrib, mat vill Léift a Passioun gefouert vum Charel a Claude, luet Grouss a Kleng an, déi modern Landwirtschaft vu senger spannendster Säit kennen ze léieren. Mat Häerz an Engagement schaffe mir Hand an Hand mat der Natur – a wëllen dës Begeeschterung mat Iech deelen.
Besonnesch Schoulklasse bidde mir d’Méiglechkeet, d’Landwirtschaft mat alle Sënner ze erliewen: Déieren heemelen, beobachten a verstoen, landwirtschaftlech Maschinnen an Aarbechtsprozesser kenneléieren an d’Aarbecht op engem moderne Bauerenhaff live materliewen.
Freed Iech op en eenzegaartege Bléck an d’Vilfalt vun der Landwirtschaft – mir schafen Erfarungen, déi am Gediechtnes bleiwen!
Ufro fir een Haffbesuch
Är Ufro fir een Haffbesuch gouf erfollegräich geschéckt. Dir sollt geschwënn eng E-Mail kréien.