Häerzlech wëllkomm beim Laury an Tom Loutsch-Scholtus vu Réiden
Mir leeden ee Mëllechbetrib an der 9. Generatioun.
Bei eis kënn Dir dräi verschidde Mëllechkourassen gesinn (Holstein, Brown swiss an Jersey). Dës ginn an engem modernen an déierewuelgerechte Stall vun engem Sträichroboter 24/24 gestrach an däerfen am Summer raus op d’Wiss. Méi besonnesch ass och, dass eis Déieren mat Hee aus eiser Heedrëchnungsanlag gefiddert ginn, a si kee Grassilo kréien. (P.s. um Heekoup léisst ët sich och super spillen)
Donieft hu mir nach Ardennerschof, déi op extensiv Fläche weeden. Eis Wisen an d’Akerland hu mir am „LU-Bio. Programm“ an ënnert anerem planze mir och Blummen fir „Wëllplanzesom Lëtzebuerg“ un.
Mir maache fir Iech gären eis Dieren op, dass Dir mat Kucken, Upaken a Verstoen, schéin Erënnerungen mat heem huele kënnt.
Bis geschwënn
Ufro fir een Haffbesuch
Är Ufro fir een Haffbesuch gouf erfollegräich geschéckt. Dir sollt geschwënn eng E-Mail kréien.