AgriBraWa

  • Akerbau
  • Kären
  • Mëllichkéi
QGF4+G98 Rosport-Mompach
Op Google Maps kucken
Linn 273 Arrêt “Girst 1/2”
Bio product iconPädagogesche Bauerenhaff
Kapazitéit
max. 15–20 Persounen
Déi offiziell Websäit vum Bauerenhaff
Sprooch(en) : Lang icon de
Eng Ufro maachen

AgriBraWa

  • Akerbau
  • Kären
  • Mëllichkéi
QGF4+G98 Rosport-Mompach
Op Google Maps kucken
Linn 273 Arrêt “Girst 1/2”
Bio product iconPädagogesche Bauerenhaff
Kapazitéit
max. 15 Persounen
Déi offiziell Websäit vum Bauerenhaff
Sprooch(en) : Lang icon de
Eng Ufro maachen

Häerzlech Wëllkomm op eisem Bauerenhaff AgriBraWa zu Gischt!

Mir sinn d’Lynn an de Charel, zwee jonk motivéiert Baueren déi hire Bauerenhaff fir Kanner a Jonker op maache wëllen.

Mir hunn e Mëllechvéibetrib am Oste vum Land. Eis 100 Mëllechkéi gi mat engem Karussell gestrach. Dëse Karussell dierfen awer net nëmmen d’Kéi benotzen an austesten…

Niewent der Mëllechproduktioun bedreiwe mir nach Akerbau. Ausserdeem fuere mir mat eise Maschinne raus op aner Betriber, d’Kanner kënnen sech also och iwwert schéi, néi Maschinnen op eisem Haff freeën.

Wëssensvermëttlung ass eis ganz wichteg. Mat ville verschiddenen Ateliere wëlle mir de Kanner weisen, wei den Alldag beim Bauer ausgesäit.

Puer Aktivitéiten déi Iech erwaarden:

  • Atelier 1: Alles ronderëm d’Mëllechkou; vum Kallef zur erwuessener Kou (Wat frësst eng Kou ? Wéi vill Mëllech drénkt ee Kallef? Wat mécht eng Kou iwwerhaapt dee ganz Dag?)
  • Atelier 2: Alles ronderëm d’Mëllech (Wat ass alles an der Mëllech dran? Wei kann ech selwer Botter maachen? Wei entsteet Laktos frei Mëllech?)
  • Atelier 3: Alles ronderëm d’Käre (Vun de Kären um Feld bis zum Müsli)
  • Atelier 4: Vill weider flott Aktivitéiten (Stréihbuerg, Wettrennen mam Sandsak)

Mir freeën eis, iech op eisem Haff begréissen ze kënnen an Iech an eis spannend Welt vum Bauer ze entféieren!

Ufro fir een Haffbesuch

Maacht Dir mat beim Fro de Bauer Programm?
All Felder sinn obligatoresch

Är Ufro fir een Haffbesuch gouf erfollegräich geschéckt. Dir sollt geschwënn eng E-Mail kréien.