A Lill – Haff Famill Peller

  • Gefligel
  • Geméis
  • Mëllichkéi
36, rue de Kehlen
L-8295 Keispelt
Op Google Maps kucken
Linn 921 Arrêt “Bei Peickes - Keispelt- 200m”
Gare : Gare de Mersch Op mobiliteit.lu plangen
Kapazitéit
max. 20–25 Persounen
Déi offiziell Websäit vum Bauerenhaff
Sprooch(en) : Lang icon lb Lang icon fr Lang icon de Lang icon en
Eng Ufro maachen

A Lill – Haff Famill Peller

  • Gefligel
  • Geméis
  • Mëllichkéi
36, rue de Kehlen L-8295 Keispelt
Op Google Maps kucken
Linn 921 Arrêt “Bei Peickes - Keispelt- 200m”
Gare : Gare de Mersch Op mobiliteit.lu plangen
Kapazitéit
max. 20 Persounen
Déi offiziell Websäit vum Bauerenhaff
Sprooch(en) : Lang icon lb Lang icon fr Lang icon de Lang icon en
Eng Ufro maachen

Op eisem Bauerenhaff gin et vill Saachen ze entdecken!

Mir hun een extra groussen Gaart an deem mir iwwer 50 verschidden Saachen ubauen. Eis Client’en kennen selwer an de Gaart goen an sech hiert Gemeis recolteieren. Esou kennt et, datt och vill Maison relais’en, Crechen an och Schoulklassen bei eis an de Gaart kommen.

Bei eis am Gaart, kenn dir nitt nemen kucken, mee och schaffen!

Dei meescht Klassen, dei bei eis kommen hun sech een Thema eraus gesicht an maachen eppes ronderem dest Thema (z.B. Gemeiszopp, Halloween, Gemeschten Zalot,…). Vill vun den Gruppen begleeden mir nitt, mee si kommen einfach esou an eisen Gaart an sin op sech ennerwee. Fir Paus ze maachen hun mir genuch Bänken an fir dei mei kleng och een Spilleck. Am Hierscht hun mir fir dei mei grouss och een klengt “Horror”-Maislabyrinth.

Op eisem Bauerenhaff, deen ca. 1 km vum Gaart eweg läit sträichen mir Mellechkei matt engem Melkroboter. Eis Mellech geet vun hei aus bei d’ Luxlait. Hei kenn Dir gesinn, wei op engem modernen Mellechbetriib Mellech produzeiert get, waat eis Deieren friessen, wei d Käleffcher op d Welt kommen an nach villes mei…..

Last but not least hun mir nach eis Hinger. An zwee mobilen Hingerställ haalen mir eis Legehinger fir Ee’er. Wei den Numm et schon seet stin des Ställ mol hei, mol do. Hei kann een leieren, waat een Hung fresst, firwaat mir iwwerhaapt mobil, also fuerbar Ställ hun, waat Hinger matt Dinosaurier zedinn hun an nach eng hellewull weider flott Saachen.

Mir hoffen mir hun ären Interessi geweckt.

Leif Greiss vu Keespelt

Svenja a Franky

Ufro fir een Haffbesuch

Maacht Dir mat beim Fro de Bauer Programm?
All Felder sinn obligatoresch

Är Ufro fir een Haffbesuch gouf erfollegräich geschéckt. Dir sollt geschwënn eng E-Mail kréien.